• Print Friendly


Klimanomëtten am Oekozenter

Eise Jugendgrupp Move. organiséiert dëse Samschden 5. Dezember vu 14h – 17h e Klimanomëtten am Oekozenter wou jiddereen d’Chance huet mam Camille Gira (Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère) a mam Paul Ruppert ( Klimapionéier a fir de Mouvement Ecologique bei Kyoto 1997 dobäi) iwwert d’Klima ze diskutéieren.

Poster Klimanomëtten 5 Dez finalWat kann ech géint de Klimawandel ënnerhuelen?

Iwwer wat gëtt iwwerhaapt op der Cop21 geschwat?

Wéi ass d’Klimabeweegung entstanen?

Wéi hunn hir Fuerderungen evoluéiert?

 

Hei geet et op den Facebook Event:
https://www.facebook.com/events/1650915065165057/