• Print Friendly


Kéisecker-Info Mäerz 2020 (2)

Niewent der Aluedung op de Kongress 2020 vum Mouvement Ecologique den 21. Mäerz fannt Dir an dësem Info d’Reaktioun vum Meco zu der Stellungnam vun ACL an ULC zum Klimaschutzgesetz. Bëschweeër, Friends of the Earth, move.., Greenevents a nach villes méi si weider Themen.

 

 

 

 

WICHTEG INFORMATIOUN ZUM KONGRESS 2020 VUM MOUVEMENT ECOLOGIQUE

 

Generalversammlung den 21. Mäerz 2020: Just statutareschen Deel 14.15 – 15.15 Auer
Dir krut viru kuerzem d’Aluedung fir de Kongress 2020 vum Mouvement Ecologique, an déi nächst Woch kënnt och nach e Kéisecker-info, an deem mir Iech bieden op de Kongress ze kommen a mat eis ze diskutéieren an Iech mat eis auszetauschen.

Zum Zäitpunkt wéi den info an den Drock gaange war, waren d’Empfeelunge vun der Santé fir den Ëmgang mat dem Corona-Viraus nach manner wäitreechend. D’Situatioun ass elo eng aner a mir wëllen natierlech e responsabelen Ëmgang dermat hunn.

Duerfir huet de Verwaltungsrot vum Mouvement Ecologique en Donneschden den Owend decidéiert de Kongress vum 21. Mäerz op de statutareschen Deel ze begrenzen, deen dann och zäitlech limitéiert wäert sinn. Dës Decisioun gouf geholl, fir datt mir am Respekt vun der asbl-Gesetzgebung an eise Statute sinn an och e funktiounsfäege Veräi mat Verwaltungsrot hunn. Duerfir wäert Finanzrapport, d’Decharge an d’Neiwiel vum Verwaltungsrot an d’Nennung vun de Keeserevisoren um Ordre du jour bleiwen. D’Propose fir d’Benennung vum Verwaltungsrot 2020 an och den Aktivitéitsbericht wäerten ongeféier vu Mëtt nächster Woch un online sinn, fir datt Dir eis ggf. Ureegunge kënnt eraginn, falls Dir net op de Kongress kommt. Dat gemeinsaamt Owesiessen ass duerfir och ofgesot.

Virun allem Leit déi zu de Risikogruppe gehéieren – sief et duerch e geschwächten Immunsystem – oder déi, déi aus engem Risikogebidd kommen, biede mir net ob de Kongress ze kommen.

Falls sech d’Situatioun mam Corona-Virus géing bis zum nächste Samschde weider zouspëtzen, géife weider Decisioune geholl ginn. Informéiert Iech duerfir virun e Samschdeg iwwert eis Internetsäit www.meco.lu


Mir setzen op Äert Versteesdemech.