• Print Friendly


Kéisecker-Info März-2 2018

titel Keisecker Info_maerz_2_HPDësen Info soll Iech virun allem nach eng Kéier motivéieren op eise Kongress ze kommen, an zesummen iwwert d’Erausfuerderungen vun der Zukunft ze  diskutéieren! Natierlech geet et do ëm d’Problematik vum Wuesstem, awer net nëmmen! De Mouvement ass eng vun den Basisorganisatiounen, wou sech nach vill Eirenamtlecher abréngen, an däer et geléngt sech an déi (gesellschafts-) politesch Debatt anzebréngen. Weist duerch Är Präsenz, datt Dir dësen  Engagement ënnerstëtzenswäert fannt! Mat dësem Info wëlle mir Iech awer och alueden, gemeinsam mat eis iwwert de Stand vun eiser demokratescher Diskussiounskultur nozedenken, ze diskutéieren, wéi een dat kéint verbesseren. A net zeläscht: mäer wëllen ons awer och bei méi relaxen Events begéinen:
sief et bei Concerten, op den Extra Owender am Oekosoph oder awer bei enger kabarettistescher Liesung no dem Kongress.