• Print Friendly


Kéisécker-Info Juni 2019

D’Biodiversitéit steet am Fokus vun dësem Kéisécker-Info. E groussen Deel ass dem Maskottchen vum Mouvement Ecologique, dem Kéisécker, gewidmet. De Réckgang vun den Aarte weltwäit, an och zu Lëtzebuerg, ass dramatesch! Esouguer Aarten, déi zu Lëtzebuerg iwwerall verbreet waren, ginn drastesch zréck! De schläichende Verloscht vun der Biodiversitéit ass net nëmme fir d’”Spezialisten” ënnert den Aarten (déi spezifesch Liewensraim brauchen) däitlech erkennbar: keng Insekte méi op der Fënster vum Auto, keen Hues a kee Feldhong méi op der Gewaan, d’Léiercher op eise Felder sangen (bal) net méi, keng Tureil a kee Steekauz méi, déi nuets Kreesch dinn, Spatz a Schaachtegschmuewele verschwannen aus eisen Dierfer a mir sinn erféiert se op der Rouder Lëscht erëmzefannen …