• Print Friendly


Jonker engagéiere sech: aus den Erfahrunge vum Ausland léieren

De Mouvement Ecologique luedt Iech häerzlech an zu enger Veranstaltung zum Thema:

Jonker engagéiere sech:
aus den Erfahrunge vu Gruppen aus dem Ausland léieren

Donneschdes, de 5. Mäerz 2015 um 18.15 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad

En aktive Grupp vu Jonker ze hunn, déi sech autonom engagéieren an awer déi Ënnerstëtzung wou si sech wënschen kréien, ass e besonnescht wichtegt Ziel.

  • Ma wat motivéiert haut Jonker sech ze engagéieren?
  • Wéi eng Projeten leien hinnen am meeschten?
  • Wéi eng Viraussetzunge musse geschafe ginn, datt si sech engagéiere kënnen?

De Geschäftsféierer vun der BUNDjugend Gerd Sanders – der besonnesch aktiver Jugendsektioun vun eiser Schwësterorganisatioun aus Däitschland – wäert hier Aktivitéiten virstellen an eis op dës an aner Froen äntwerten. Iwwert d’Aktivitéiten vun der BUND-Jugend fannt Dir méi op www.bundjugend.de.

Leit Iech den Thema um Häerz? Da kommt laanscht op engem labberen Austausch den Donneschden, den 5. März 2015 um 18.15 am Oekozenter Pafendall.

Deelweis as d‘Veranstaltung drop ausgericht, fir och ze iwerleeën, wei e Jugendgrupp am Mouvement Ecologique kéint ausgesin a wéi eng Viraussetzungen et duerfir misst ginn. Ma et geet awer doriwer eraus, an diem generell iwwert den Engagement vu Jugendleche soll geschwat sinn. Dës Veranstaltung riicht sech duefir u jiddwereen, wou einfach Interessi um Thema huet, ob jonk oder vläit bessje manner jonk vum Alter hier…