Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Jean-Claude Juncker däerf keng 3 Zorten Genmais zouloossen

Link(s)

Am Ablack steet eng wäitreechend Decisioun op EU-Niveau un: Et geet ëm déi europawäit Zouloossung vun 3 gentechnesch modifizéierten Maiszorten. De Ball läit elo beim Jean-Claude Juncker: d’EU-Parlament huet 2016 mat grousser Majoritéit géint déi Zouloossung gestëmmt, grad wéi eng staark Majoritéit vun den EU-Staaten Ufank 2017. Och d’Lëtzebuerger Chamber huet an enger Resolutioun géint dës d’Zouloossung geholl.

Schlussendlech decidéiert elo awer de Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident. De Mouvement Ecologique mécht e staarken Appell un de Kommissiounspresident dës Autorisatiounen net ze erdeelen an de Wëlle vun de BiergerInnen an der Majoritéit vun de Memberstaaten ze respektéieren!

Friends of the Earth, déi europäesch Organisatioun an där de Mouvement Ecologique Member ass, huet e klenge Film vun 1 Minutt gemaach, fir dëser Fuerderung Ausdrock ze ginn! Deelt a liked de Film, a weist esou, datt och Dir géint déi Zouloossung sidd. Wa vill Leit de film kucken, kritt och de Jean-Claude Juncker dat mat.

De Film fir ze deelen an ze liken fannt Dir bei de Links