• Print Friendly


“Ipanejazz” am Oekosoph

Donneschden, de 17. Mee um 20.00 Auer Oekosoph 6, rue Vauban am Pafendall

 Am Kader vu sengen «Extra Donneschdeger» luedt den Oekosoph häerzlech an op  e musikaleschen Owend: “Ipanejazz”

«Ipanejazz» ass 2017 gegrënnt ginn.

Den Duo setzt sech zesummen aus dem Eric Dalele an dem Pedro Cardoso. Den Eric ass e franséischen Jazz “Vocalist”, dee Piano studéiert huet, an enger Gospelband gesongen huet a reegelméisseg Optrëtter als Jazz-Sänger huet, e.a. zu Paräis.

De Pedro ass e portugiesesche Gittarspiller. No Pianos-Studien am Lëtzebuerger Conservatoire huet hien decidéiert Gittar-Studien unzefänken, an zwar an der “BIMM music school” zu Brigthon.

E besonnesch flotte Concert waart also op Iech, en Jazzowend a Richtung  Jazz, Soul a Bossa Nova.

Den Entrée ass gratis.