• Print Friendly


Interessi um Aarbechtsgrupp “Nee zu Kiselsteng-Virgäertercher!”?

An Däitschland gëtt et d‘Internetsäit “Die Gärten des Grauens”. Do ofgeliicht si Virgäert, déi mat Kiselsteng zougeluecht sinn, déi eise Planzen an Déieren a virun allem och den Insekten näischt bréngen, elle sinn an och nach deelweis mam Asaz vu Pestizide geréiert ginn. Zu Lëtzebuerg ass d’Situatioun net vill besser wéi an Däitschland….

Stéiert Iech dat och? Hutt Dir Loscht ze iwwerleeën, wat een dergéint maache kann, sief et méi kreativ pickeg béis oder méi konstruktiv?

Da kommt laanscht am Aarbechtsgrupp, deen elo gegrënnt gouf a sech eng éischte Kéier de Méinden, 18. November um 18.15 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad gesäit.

Sot awer w.e.g. am Virfeld Bescheed op meco@oeko.lu, datt mir d’Reunioun och gutt virbereede kënnen.