Mobilität
  • Print Friendly


Informatiounsowend Foussgänger – Vëlo – Auto – Zuch – Bus – Tram: D‘Ëmklammen als Chance oder Problem um Wee zu enger aner Mobilitéit?

De Mouvement Ecologique luet all Interesséierten häerzlech an op en Informatiounsowend „Foussgänger – Vëlo – Auto – Zuch – Bus – Tram: D‘Ëmklammen als Chance oder Problem um Wee zu enger aner Mobilitéit? D‘Wichtegkeet vun de Pôles d‘Echange an der Mobilitéitsketten“

Mëttwochs, de 26. Oktober 2016 um 18.30 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg mam Nohaltegkeetsminister François Bausch

Den Owend riicht sech un all interesséiert vum ëffentlechen Transport, Responsabeler vu Gemengen, berodend Kommissiounen, Professioneller aus dem Transportsektor, Transportgewerkschaften, (potentiell) Notzer vum ëffentlechen Transport.

De Nohaltegkeetsministère iwwerschafft landeswäit d’Liaisounen tëscht Foussgänger – Vëlo – Auto – Bus – Zuch an Tram, dobäi gëtt och de Busreseau reorganiséiert. Sougenannt multimodal Plattformen sollen an Zukunft e gutt Ëmklammen tëscht de verschiddene Verkéiersträger erméiglechen.

  • Queesch duerch d’Land sinn esou Plattforme resp. och P+R virgesinn, déi vun de Bussen ugefuer ginn. Wéi z.B. zu Käerjeng, Ettelbréck, Rodange, Mesenich, Miersch, Wasserbelleg…
  • A laanscht den Tracé vum Tram an der Stad sollen der eng 9 Stéck entstoen.

 

Am Laf vum Owend wäert de Minister op folgend Froen agoen:

  • Wéi eng Pôles d’Echange si wou virgesinn? Firwat grad op deene Plazen?
  • Wéi eng Kritäre gëtt et bei der Gestaltung vun diene Pôles d’Echange?
  • Wéi ka garantéiert ginn, datt d’Ëmsteige bequem, séier an attraktiv fir de Client ass?
  • Wou ass den Timing vun de Projeten drun ?
  • Wéi steet et allgemeng ëm d’Ofstëmmen vun den Horairen tëschent z.B. Zuch a Bus?

Stellt déi nei Orientéierung eng reell Chance oder d’»Achillesferse» an der “Mobilitéitsketten” duer?
Dat ass den Thema vun dësem interessanten Owend natierlech genuch Zäit fir Fro an Äntwert an eng Diskussioun bleift.

No der Diskussioun offréiert de Mouvement Ecologique e Patt.