• Print Friendly


Hausfliedermais – (on)heemlech Kobolde vun der Nuecht

E Méindeg, 19. Mee 2014 em 19.00 Auer am neien Oekozenter, 6 rue Vauban am Pafendall.

Déi wéinegst Leit wëssen, datt et zu Lëtzebuerg 21 Fliedermausarte gëtt oder besser gesot gouf, wëll vill vun eisen heimesche Fliedermausarte si vum Ausstierwe bedrot.

Mir huelen Iech dësen Owend mat an d’Welt vun de Fliedermais – och an der Stad. Mir ginn gewuer wéi a wou se liewen, firwat se bedrot sinn a wat jidderee fir de Schutz vun den hausbewunnende Fliedermais maache kann.

Wann d’Wieder et erlaabt gi mer anschliessend mat engem Ultraschalldetektor bis bei d’Uelzecht fir Fliedermais ze lauschteren an ze kucken wéi eng Fliedermausarten sech dann ëm den neien Oekozenter ophalen …

 

Virdrun, em 18.30 Auer as d’Generalversammlung vun der Regional Stad-Lëtzebuerg