• Print Friendly


Generalversammlung Regional „Nordstad“

De Comité vun der „Regional Nordstad“ vum Mouvement Écologique invitéiert op hier Generalversammlung, Méindes, de 24. Abrëll 2017 um 19.00 Auer am Restaurant „Äppel a Biren“ 1, route d’Ettelbruck zu Angelduerf

Dagesuerdnung:

  • Generalversammlung :
    • Aktivitéitsrapport 2016
    • Rapport vum Keessier
    • Neiwiel vum Comité*
  • Diskussioun iwwert d’Entwécklung vun der Nordstad

Well am Oktober Gemengewale sinn, wëlle mir mat eise Membere kucken, wéi eng Theme mir sollen am Virfeld an d’Diskussioun brengen.
(Wunnungsbau, Verkéier, Naturschutz, regional Zesummenaarbecht, Aarbechtsplazen, Liewensqualitéit, …)

Och a wéi enger Form dat soll sinn.
(Dépliant toute-boite, Protestpiquet, Aktiounen, Table ronde, …).

*Memberen déi am Comité matschaffe wëllen, kënnen mir w.e.g. bescheed soen.

(Well d’Kiche vum Restaurant deen Owend zou ass, kënne mer leider net do iessen.)

 

Am Comité:

Mariette Braconnier; Véronique Mathay; Laure Simon-Becker, Präsidentin; Jo Spielmann; Lou Steichen; Jean-Paul Zeimes, Caissier.