• Print Friendly


Gemittlechen Owend mat Lëtzebuerger Fräiheetslidder:

De Mouvement Ecologique luet seng Memberen häerzlech an op säin gemittlechen Owend mat Lëtzebuerger Fräiheetslidder: Eng musikalesch-politesch Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht an engem leckere Menü

e Freiden, den 19. Januar 2018 um 19.30 Auer zu Stroossen am Restaurant “Origine Provençale”, 40-42, rue de l’Industrie

Dëst Joer hate mir keen Ofschlossfest vum Joer organiséiert, duerfir freeë mir eis Iech op e gemittlechen Owend am Ufank vum Joer anzelueden. An eiser gudder aler Traditioun gëtt et en flotte kulturelle Program, gutt ze iessen…

Um Programm:

E lackelescht Iessen, natierlech och fir Vegetarier;

Lëtzebuerger Fräiheetslidder – Eng musikalesch-politesch Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht mam Elisabeth Johannesdottir, Natasa Grujovic, Jean Bermes a Georges Urwald. Konzept, Musek- an Textauswiel: Marc Limpach a Georges Urwald

D’Equipe vun de Fräiheetslidder trëtt net all ze oft op, ma iwwerall do wou sie ass, stousse sie op grouss Begeeschterung. Duefir ass et besonnesch schéin, datt si op den Owend vum Mouvement Ecologique kommen. 

Beschreiwung vum Programm:

Besser wéi vill aner historesch Quelle kënne politesch an engagéiert Lidder d’Gefiller vun einfache Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hier Trauer. An dësem Programm héiere mer Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserungen, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet. Déi Lidder gi vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen agebett.”

Och wann de Restaurant e bessen e spezielle Kader huet an an enger Aktivitéitszone läit: et lount sech!

Um Menu steet:

  • Tartine chèvre miel noix / mozza épinard tomate .. a Form vun enger Bruschetta
  • Buffet mat e.a. Vegetareschem Plat – Grillade Bœuf – Grillade Saumon – frëschem Bio-Geméiss …..
  • Buffet mat 2 Desserten: Schokelaskuch an Äppeltaart. 

Preis: 40 Euro (Fräiheetslidder, Menü, inkl. Waasser a Kaffi)

Dir musst Iech umelle bis den Dënschden, de 16. Januar um 14.00 Auer via Tel. 439030-1 oder meco@oeko.lu.

P.S. Wann Dir Iech umëllt an un enger Fahrgemeinschaft interesséiert sitt, kënne mäer däer hëllefe vermëttelen.