• Print Friendly


Flotte Quizowend am Oekosoph

Invitatioun Quiz Owendde Freiden, den 11. September am Oekosoph, 6, rue Vauban, Pafendall

Aschreiwe kënnt Dir Iech ab 18h00 sur Place am Bistro,um 19h00 fänke mir mam Quiz un.

Mir invitéiere jiddwereen häerzlech op e lëschtege Quiz Owend am Oekosoph, wou Dir Äert Wëssen zu den all/on-méiglechsten Themen ënnert Beweis stelle kënnt. Wann Dir denkt Dir kéint Iech op de Quiz an op déi gestallte Froe virbereeden, da mengt alt ;-).

Gespillt gëtt a Gruppen (d’Gréisst vun de Gruppen hänkt vun den ageschriwwene Leit of).

Duerfir: Kommt laanscht a gewannt ee vun den ville flotte Cadeau’en. Entweder eleng oder mat Kollegen (owes kënnen sech jo och nach spontan Gruppen zesummenfannen).

Kommt laanscht op eise Quiz a leiert nei Leit kënnen, stellt Äert Wëssen ënner Beweis a verbréngt e flotten Owend.