• Print Friendly


Flotte Kabarettsowend mam Jemp Schuster «Et geet elo duer»

De Jemp Schuster selwer beschreiwt sei Stéck esou:

«Zanter 30 Joer steet de Jemp Schuster elo mat senge Kabaräsprogrammer op de Bühnen zu Lëtzebuerg. Et gëtt bal keen Duerf oder keng Stad déi en net an där Zäit besicht huet. Wéivill dausend Leit hu mat him gelaacht, oder hunn e bei der Däiwel gewënscht, wann en alt erëm iwwer Themen a Persoune gelästert huet, déi an den 80er Joeren nach tabu waren, an et deelweis haut och nach sinn. Dat ass awer keng Ursaach fir se ze verschounen

Wann een dat esou laang mécht, an awer d’Welt net verännert huet, muss een sech dann nach ëmmer drun halen? Neen, et muss een net, an dofir geet et och elo duer. 2012-13 ass déi lescht Tournée wou de Jemp Schuster iwwer Land zitt, an deenen do uewen et nach eng Kéier lafe léisst.

Ween also bei dësem Showdown, dëser leschter Ofrechnung, déi doutsécher och e bëssen nostalgesch wäert ginn, derbäi si wëllt, wann de Jemp äddi a merci seet, dee soll sech en Owend fräihalen.»

An dienen 30 Joeren huet de Jemp Schuster ganz oft fir de Mouvement Ecologique gespillt, an duefir ass et flott, datt dat och bei senger läschter Tournée de Fall ass, déi och scho vill geluewt ginn ass.

Wéi et eng gutt Traditioun ass, gëtt et e besselchen Keis a Gedrénks, abegraff an den 25 Euro.

Hutt Dir Loscht kucken ze kommen ? Da mëllt Iech elo un, déi eischt si fir: Umelle kënnt Dir Iech via email: meco@oeko, Tel. 439030-1 oder iwwerweise vun 25.- Euro op een vun de Konte vum Mouvement Ecologique  CCP IBAN LU16 1111 0392 1729 0000 oder BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 mam Vermierk «X Plaze Cabaret Jemp Schuster».