• Print Friendly


Farbenfrohes Luxemburg – Wanderung iwwert den Helperknapp

Samschdes, den 10. Mee 2014 ab 14.30

Maacht mat bei der geologescher an naturalistescher Wanderung iwwert den Helperknapp (Béiwen/ Attert), de Lëtzebuerger Roussillon, am Kader vun der Wanderausstellung «Schatzkëscht Buedem» vum Natur Musée.

Féierung: Marc Schoellen, Gaardenhistoriker, Roger Schauls, Biolog a Josy Huberty

Rendez-vous: Parking beim Bësch am Agang vum Gréiwenknapp wann een vun Openthalt kënnt. (Den Openthalt ass e Lieu-dit an der Gemeng Béiwen-Atert. E läit un der Kräizung tëscht dem CR114, dem CR115 an dem CR116).

D’Féierung, déi gratis ass, dauert ongeféier 2 Stonnen a féiert iwwert Bëschweeër. Öffentlech Transportméiglechkeet: Bus RGTR 445, Arrêt: Gréiweknapp/Riesenhaff Eng Umeldung ass net néideg!