• Print Friendly


Extra-Owend: Choucroute royal am Oekosoph vum Lou an der Mouvements-Equipe

E Mëttwoch den 13. November zerwéiert Iech d’Oekosophs-Equipe vum Mouvement Ecologique zesumme mam Lou Sauerkraut mat Wirschtchen, Mettwurscht, Speck, Gesolpertem a Liewerkniddelen. Dobäi ginn et Speckgromperen. Natierlech alles a Bio-Qualitéit.

De Präis fir dësen deftege a leckere Plat ass 24.00 €

Natierlech fënnt jiddwereen awer och en gudde vegetareschen oder vegane Plat op der Kaart!

Eng Reservatioun ass kee “Must”, gëtt awer ugeroden: iwwer den Tel 439030-1, secretariat@oeko.lu oder 621 297242, oekosoph@oeko.lu