• Print Friendly


Expansioun vun der geplangtener modulabler Containerplattform Strooss-Schinn Betebuerg/Diddeleng

Download(s)

Informatiouns- an Opklärungsversammlung

den 11. Abrëll um 19.00 h an d‘ Lokal vum FC Biireng

 

D’Fakten : Kahlschlag laanscht Diddelenger Baach zu Biireng

Virun ronn engem Mount (Januar/Februar 2013) si laanscht d’Diddelenger Baach tëscht Biireng a Betebuerg sämtlech Beem ëmgehae ginn, genau sou wéi all déi aner Beem an Hecken am Dräieck tëscht dem Triage, der N 31 an der A13 (Collectrice) –  a wat Wonner – et louch effektiv eng Autorisatioun vum Ministère du Développement Durable et des Infrastructures (MDDI -Departement Emwelt) vir – eng Standard Autorisatioun mat natiirlech enger Parti Oplo’en nom Motto: „Pabeier ass gedëlleg“

dat Ganzt ass geschitt am Kader vun dem Projet vun der Expansioun vun dem Container Terminal, wou am Dezember 2011 a Januar 2012 en Avant-Projet Sommaire(APS) fir eng Enquête Publique op der Gemeng auslouch, wou de MECO och Recours ageluet huet, virun allem well keng Kaméidisoplo’en am APS opgefouert goufen, a well eng Parti aner Oplo’en eiser Menung net wäit genuch goungen (sou z.B: d‘Seveso Richtlinnen, d‘Kompensatiounen ronderëm d’Diddlenger Baach, de Verkéiersimpakt asw.)

 

D‘Envergure vun der Expansioun vun der geplangtener modulabler Containerplattform Strooss-Schinn Betebuerg/Diddeleng

Déi modulabel Container Plattform Strooss-Schinn Betebuerg/Diddeleng (u sech eng gudd Saach) soll tëscht 2014 an 2016 gebaut ginn, op enger Surface vu ronn 80 ha an huet eng regional Vocatioun. Si soll effektiv 7 op 7 Deeg, 24 op 24 Stonnen fonktionéiren a ronn 1600 Camionsbewegungen generéiren!!!! Eng Kaméidisétude aus dem Summer 2011 vu Luxcontrol chiffréiert zu dësem Zäitpunkt (ouni Container Plattform an ouni Logistikzenter d’Lärmbelästegung vun den Awunner vu Biireng nuets  op engem Niveau V

An der Bauphase stinn ausserdem massiv Terrassementsaarbechten an Aussiicht, wou Mio. vu m³ Buedem bewegt ginn, wat bedeit, dass och vill Camionsverkéier entsteet – an d’Fro ass: wéi gëtt den op a vum Site erof drainéiert?

Vu, dass direkt niewendrun och e Logistik Zenter am Entstoen ass, kann een sech liicht ausmolen, wat dat an Zukunft a punkto Verkéiersopkommen, bzw. Kaméidisbelästegung bedeit, op der A13, awer och op der N31 am Agang vun Diddeleng mat hire sëllechen Tankstellen.

D’Diddelenger Baach stellt op dem site och en Hindernis duer, a soll ënneriirdesch verluet ginn, ouni Rücksicht op e Verschwannen vun engem Noherholungsgebidd.

Juristesch Hannergrënn

D’Prozeduren ronderëm de Projet foussen op dem Gesetz vum 29. Mee 2009 http://www.legilux.public.lu/rgl/2009/A/1738/A.html#7534

dat en Avant-Projet Sommaire an dono en Avant-Projet Détaillé virgesäit, den d’CFL muss vum Regierungsrot genehmegt kréien; domat verbonnen sinn eng Parti Oplo’en, déi normalerweis vun der Emweltverwaltung ausgeschaff ginn (fir d’Phase vum Bau an och der Exploitatioun).Eng Kommodosprozedur ass fir sou Infrastrukturprojet’en net méi néideg – europäesch Directive 85/227/CEE !!!Eisen Informatiounsstand (11.03.2013) ass den, dass den Avant-Projet Détaillé nach net genehmegt ass, afir d’Ausschaffen vun den Oplo’en och nach e puer Méint verginn.

Kritiken!!

  • Inexistent Informatioun vu Gemeng a Ministère
  • Schaffen vun vollendeten Tatsaachen (Ofholzen) éier den Avant-Projet Détaillé iwwerhat virläit
  • E Superministère MDDI, wou déi 2 Departementer Emwelt an Transport net synchron schaffen an anscheinend net mateneen schwätzen
  • D’Fehlen vun enger seriöser Kaméidisetude
  • D‘Fehlen un Transparenz an dem ganze Projet (vun Avant-Projet Sommaire bis elo)
  • keng Récksprooch mat de Leit déi bei dem APS Recours ageluet hunn
  • D’Fehlen vun enger Etude betr. dem Verkéiersimpakt , den de Cumul u Projet’en an dem Raum tëscht Betebuerg an Diddeleng bedingt

 

  Wat kënne/solle mer nach ënnerhuelen?

  • Mesuren fir eng Kaméidisreduzéirung verlaangen (Schallschutzwänn laanscht d’A13 op der Héicht vu Biireng – déier natiirlecher, dass den Talus vun der A13 mat héich Beem beplanzt gëtt,  oder déier baulëcher (voir Kaméidisétude Luxcontrol 2011)  
  • verlaangen dass d’Terrassementsaarbechten réischt ufänken, wann e Rond-point geschaaff gin ass, dee vun der Autobunn direkt op de Site féiert
  • verlaangen, dass d’Kompensatiounsmoossnahmen fir d’Ofholzen konkret definéiert ginn, a synchron mat der Zerstéirung stattfannen
  • verlaangen, dass fir d’Diddelenger Baach eng Solutioun zréckbehale gëtt, déi d’Natur respektéiert (evt Zréckverlee’en an dat alt Baachbett) a net nëmmen en Zoudeckelen vun der Baach an d’Aa faassen
  • verlaangen, dass d’Seveso Richtlinnen strengstens agehale ginn (déi éischt Häiser an der Nord- an an der Schweitzer Strooss zu Biireng si schätzungsweis 200 m Loftlinn vun dem Site ewëch
  • verlaangen, dass akut eng Solutioun fir déi Kuebekolonie gesicht gëtt, déi virun enger Rei Joren op Initiative vun der Gemeng hin op den an der Tëschenzäit ofgeholztenen Pëppelen op dem Site ugesiedelt ginn ass

 

Kontaktadress: Jean-Jacques Muller  MECO-Regional Süden GSM 661524260