Energie – Klimaschutz
  • Print Friendly


Energie- a Klimaschutz: Wat sinn déi wichteg Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg?

Donneschdes, de 29. Juni 2017 ëm 18.15 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzeberg.

Duerch d’Decisioun vum Trump aus dem Paräisser Klimaaccord wëllen erauszeklammen, hu sech méi politesch Verantwortlecher wéi je zum Klimaschutz bekannt!

Ma wéi steet et genau zu Lëtzebuerg mat der Ëmsetzung vun enger gudder Klima- an Energiestrategie? Wou si mäer drun? Wat misst weider geschéien an der Mobilitéit, bei den erneierbaren Energien, bei der Albausanéierung, am Neibau…?

De Mouvement Ecologique well intern “de point” maachen a mat all interesséiertem Member diskutéieren, wat eis Haptfuerderungen a nächster Zäit an dësem Beräich solle sinn. Dës Diskussioun ass emsou méi wichteg, well am Ablack iwwert en neien Aktiounsplang Klima diskutéiert gëtt.

No enger Aféierung an den Thema wäerte mäer zesummen diskutéieren. Duefir: kommt och laanscht, wann Dir bis elo net am Thema dra waart, ma iech wëllt eraschaffen oder um Thema interesséiert sidd! Wëll och dat as d’Ziel vun dem Memberforum: jidderengem dee sech wëll mei mam Thema ausenanersetzen, d’Méiglechkeet ginn, sech méi kundeg ze maachen.