• Print Friendly


E satiresch – kulinaresche Réckbléck op de Mount Oktober

No dem Succès vum éischten Owend am Juli riskéiert de Roland Gelhausen e Bléck op de Mount Oktober. Kommt a lauschtert wéi hien all eenzelnen Dag vum Oktober erlieft huet. An dat wat en zielt ass net aus der Loft gegraff, mä hien huet se sou erlieft. D’Noriichten déi e kommentéiert si reell. Heiansdo ass awer sécherlech seng Fantasie mat em duerch gaangen a seng satiresch a sarkastesch Oder huet sech geleeëntlech och alt emol breet gemaach. Wat de Mount Oktober alles un Iessbarem ervir bruecht huet, dat bréngt d’Lydie mat senger Kachequipe mat e bessje Fingerfood deen Owend op den Dësch.
Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst den Häppecher, ass eng Umeldung noutwendeg.

Den 2. November ëm 17.00 Auer an den 5. November owes ëm 19.30 Auer.
Déi 2 Owender gëtt jeeweils de selwechte Programm opgefouert.
Entrée: 15 € fir Memberen – 18 € fir Net-Memberen. Bezuelt gëtt an der Oweskeess. Déi éischt si fir! Umelle iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1.