• Print Friendly


E satiresche Réckbléck op de Mount Abrëll

Samschden, 2. Mee 2015 um 19:30

Sonnden, 3. Mee 2015 um 17:00 (de selwechte Programm)

am Bistro vum Oekozenter Pafendall

Den 2ten an den 3ten Mee ass et rëm esou wäit: de kabarettistesche Réckbléck vum Mount Abrëll steet an d’Haus. Geschriwwe gëtt en vum Roland Gelhausen a Jay Schiltz gemeinsam. D’Liesung den 2. Mee wäert de Jay Schiltz maachen, de Roland Gelhausen déi vum Sonnden.

Si wäerten d’Noriichten nees Dag fir Dag verfollegen, se ausernee plécken an fir Iech zesumme setzen an op hier eegen Aart a Weis kommentéieren… Loosst Iech iwwerraschen, op si déi richteg Abrëllsgecken an der Press fannen.

D’Liesung wäert eng Kéier mat vegetaresche Leckerein als Fingerfood vun der Kachequipe «Veggie-Table» ugebuede ginn an eng Kéier ouni.

Entrée 2. Mee: Liesung mam Jay Schiltz ouni Bio-Fingerfood, 15 € .

Entrée 3. Mee: Liesung mam Roland Gelhausen mat Fingerfood, 20.- € fir Memberen an 25.-€ fir Net-Memberen.

Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst dem Fingerfood, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg.