• Print Friendly


D’Entwécklung vum Uelzechtdall

E Réckbléck op déi läscht Joerhonnerten a Joerzéngten an en Ausbléck op muer

den 30. Mäerz um 19.30 an der Galerie “am Duerf” 2 Montée Willy Goergen zu Steesel.

Den Oflaf:
Virtrag vum Kulturhistoriker Marc Schoellen

Am éischten Deel vum Owend wäert de Marc Schoellen,e kritesch – konstruktive Réckbléck op d’Entwécklung vum Uelzechtdall geheien. Dat mat dem him eegene Bléck, deen d’Aen op mescht an hëlleft, Aspekter vun der Regioun ze gesinn, wou engem normalerweis net esou bewosst sinn.

Wéi huet den Dall nach am läschte Joerhonnert ausgesinn? Wéi eng Verännerunge sinn agetrueden? Wat wuar mei positiv? Wat vläicht mi negativ? 

Dono ass eng Diskussioun:
Wéi eng Entwécklung an den nächsten 20 Joër?

An engem zweeten Deel vum Owend wëlle mir mat jiddferengem dee Loscht huet driwwer diskutéieren, wou mäer haut stinn… a wéi mäer eis d’Entwécklung an der Zukunft virstellen. 

Dono offréiert de Mouvement Ecologique e Patt.

Mir lueden Iech awer och an, eisen Dépliant zum Thema 

Woufir mir am Uelzechtdall astinn!
Iwwerleeunge vum Mouvement Ecologique Regional Uelzechtdall» ze liesen. Do bezeie mäer zu folgenden Theme Stellung:

  • „Konventioun Uelzechtdall“: eng gutt Iddi déi méi transparent a mat Liewe gefëllt muss ginn!
  • Wéi eng Siedlungsentwécklung am Uelzechtdall?
  • Wéi eng Mobilitéit am Dall?
  • Wéi e Schutz vun alen erhaalenswäerten Haiser an „Ensemblen“?
  • Fir e konsequenten Drénkwaasserschutz
  • Fir eng gutt Loftqualitéit am Uelzechtdall!
  • Fir e méi u Biergerbedeelegung!
  • Eng staark Organisatioun brauch all Eenzelnen – gitt Member!

 

Den Depliant fand Dir an den Downloads