• Print Friendly


Den Oekosoph geet nei Weeër – nach méi attraktiv an der Zukunft

Viru Joren haten sech den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique dergéint decidéiert, den Oekosoph un en Drëtten ze verlounen. Dat well d’Raimlechkeete nach ëmmer sollten fir Kachcoursen, gemeinsamt Kachen zur Verfügung stoen / et ëmmer méiglech sollt sinn, den Oekosoph als exzellent Plaz fir extra Veranstaltungen ze notzen. An den Oekosoph setzt op Bio, Fairtrade, Regionalitéit a vegetaresch a vegan Kichen. Professioneller déi dat maachen,sinn nach ëmmer rar geséit.

Duerfir war et eng immens Chance, datt sech zënter engen 3 Joer, eng Equipe vun engagéierten éierenamtleche Leit bereet erkläert huet, den Oekosoph 2 Deeg an der Woch ze leeden. An esou muncher een huet dann och schonn e flotten Owend am Oekosoph verbruecht. Sief et am Bistro selwer oder op der besonnesch flotter Terrass.

De Succès blouf dann och net ouni Reaktiounen: Dacks ass gesot ginn: ma den Oekosoph ass esou flott, kann dee net méi oft op sinn?

 

Elo bitt sech d’Geleeënheet, nei Weeër a Symbiosen anzeschloen!

De Lou Steichen, vum bekannte Restaurant «Äppel a Biren» vun Angelduerf, kënnt an den Oekosoph.

Hie verfollegt a villem d’Strategie vum Mouvement: regional Produiten, Bio, e Béischt ganz verwäerten, net nëmmen déi «beschten» Deeler («from nose to tail»), e steet zu vegetarescher an och bio Kichen.

  • Ab Ufank Abrëll wäert hien den Oekosoph an der Woch Mëttes (Méindes bis Freides, am Summer och Samschdes) féieren an och Donneschdes, Freides a Samschdes Owes;
  • Mëttwochs Owes wäert d’Oekosophsequipe weider d’Brasserie éierenamtlech geréieren;
  • Sonndes de ganzen Dag, Méindes an Dënschdes owes kënne speziell Veranstaltungen sinn, z.B. Kachcoursen, move.Aktivitéiten a villes méi.
  • An natierlech wäert d’Offer virun allem bio, regional, fairtrade an och zu engem gudden Deel vegetaresch a vegan (min 40 % vegetaresch a vegan) sinn.

Loosst Iech iwwerraschen! De genauen Datum asw. vun der Ouverture gëtt nach am Info ugekënnegt.

Den Oekosoph mécht op alle Fall elo emol seng Dieren am Mäerz zou, fir kleng Verännerunge maachen ze kënnen.

 

Op dëser Plaz e grousse Merci un d’Oekosophs-Equipe, datt si de Bistro esou opgebaut hunn an och nach weider fueren! An e Merci un de Lou, datt hie bei eis kënnt an den Oekosoph nach méi attraktiv mécht. Merci och un d’Stad Lëtzebuerg, datt si hier Zoustëmmung fir dëse Projet ganz séier ginn huet.