• Print Friendly


De Poterowend – eng Talk-Ronn beim Kameinfeier

eng gemittlech Talk-Ronn an Zesummenaarbecht mat der Regional Nordstad mam Vizeprésident vum Mouvement Ecologique Rosch Schauls

De Rosch representéiert den Mouvéco am Conseil Supérieur de la Chasse an erklärt iech d’Vue vum Mouvement an Saachen Juegd.

Et gëtt ze drénken an eppes z’iessen, mée et gëtt virun allem NET gestridden.

Den Rosch stellt sech gemittlechen an awer sécher och ongemittlechen Froen iwwert aktuell juegdlech Themen.

En flotten Owend fir all di sech fir d’Thema Juegd interesséieren.

Duerno däerf och gären matgepotert ginn.

Wéini?

Dënschdes, den 21. Abrëll 2015 um 20h00 

Wou?

Restaurant Aeppel a Biren zu Angelduerf 

Confirméiert är Platzen weg um Tél.: 26 80 48 47