• Print Friendly


De Jugendprojet vum Mouvement Ecologique huet e Numm: MOVE.

Niewent enger eegestänneger Jugendgrupp, sinn eng ganz Rei vu spannende Projeten an Aktivitéiten zu Themen ewéi Klima, Konsum, Globaliséierung, Transport, Wunnen oder och nach Ëmweltbildung virgesinn.
Déi éischt Aktivitéite sti och scho fest, duerfir kuckt laanscht op der fonkelneier Facebooksäit:

www.facebook.com/move.lu

Mir freeën eis datt et elo endlech esou weit ass, a nach vill méi freeë mer eis wann der äre Kollegen erzielt wat mer wëlles hunn. Op d’Gelénge vu Move.