• Print Friendly


Den Oekozenter Pafendall ass weiderhin net fir de Public op – De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall si per Telefon an E-mail fir Iech do

Opgrond vun der Corona-Kris ass den Oekozenter Pafendall fir de Public bis den 11. Mee zou. Hutt Dir awer eng Fro oder Ureegung, da si mir fir Iech erreechbar: meco@oeko.lu / Tel. 439030-99.

 

 

Den Oekosoph mëscht wärend der Corona-Kris och Catering. Mir liwweren ab enger Bestellung vun ongeféier 60,- Euro tëscht der Stad an Ettelbréck (mat klenge Schlenkere lénks a riets). D’Platen vun der Woch fannt Dir jeeweils méindes op www.oekosoph.lu oder op dem Facebooksite vum Oekosoph. Bezuelen kënnt Dir cash oder mat Digicash. Tel fir Commanden ass den 621 297 242.

 

Da sti mir an dësen Zäiten zesummen. A wee weess, villäicht hëlleft dës Kris eis och, eis op aner Wäerter zeréckzebesënnen: eng gewëss Entschleunegung, regional Wirtschaftskrees a méi Mateneen…

Merci fir Äert Versteesdemech