• Print Friendly


Dat neit Omnibusgesetz: Wat wären déi grouss Ännerungen am Beräich Ëmwelt – Naturschutz – PAG / PAP an Denkmolschutz?

De Mouvement Ecologique lued seng Memberen häerzlech an op eng Informatiounsversammlung zum Thema

Dat neit Omnibusgesetz: Wat wären déi grouss Ännerungen am Beräich Ëmwelt – Naturschutz – PAG / PAP an Denkmolschutz?

den Donneschden, 6. November um 18.15 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, 2663 Lëtzebuerg/Pafendall

Den  Julien HAVET vun der „Section Réforme et Simplification administrative“ vum „Ministère de la Fonction publique et de la Réforme administrative“ stellt eis déi zentral Ännerungsvirschléi am Kader der Verwaltungsreform op eng fir jiddereen verständlech Aart a Weis vir.

Falls Iech den Thema also interesséiert – an Dir och vläit net selwer Loscht hutt déi dach mi komplizéiert Gesetzesamendementer duerchzeliesen – da kommt laanscht. Mir diskutéieren driwwer, wat virgeschloe gëtt, wéi eng Elementer mäer gutt oder manner gutt fannen, a wat eis och aus der Siicht vum Bierger an der Ëmwelt wichteg ass.