Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


„Das große Insektensterben“ – de Biodiversitéitsverloscht als DEE grousse gesellschaftlechen Challenge

An engem prall gefëllte Sall am Hotel Parc Bellevue mat knapp 200 Leit war e Mëttwoch den 12. Juni de renomméierte Wëssenschaftler an Auteur Andreas Segerer op Besuch. Säi Virtrag iwwert déi generell Situatioun vum Insektestierwe gouf vum Marcel Hellers, wëssenschaftleche Mataarbeschter am „Musée national d’histoire naturelle“, mat Donneeën zur Situatioun vum Päiperleksréckgang zu Lëtzebuerg iwwert déi läscht 30 Joer ergänzt.

An engem besonnesch spannenden an ureegende Virtrag huet den Andreas Segerer duergeluecht wat et heescht wann d’Aartestierwen esou rasant weider geet wéi bis elo. D‘Konsequenzen sinn net zu honnert Prozent bekannt, ma d’Wëssenschaft weess genuch, datt d’Mënschen dréngend handele mussen. D’Zerstéierung vum Ökosystem wäert zu Liewensmëttelknappheete féiere, wat mat ganz grousser Sécherheet zu sozialen Tensiounen an zu engem massive Kampf em Ressource wäert féieren. Duerfir: elo handelen ass ugesot.

Den Andreas Segerer huet doriwwer eraus eisen Ökosystem mat enger Hängematt verglach mat engem engmaschegen Netz vu Kniet. Falen do e puer Kniet ewech, géif dës zwar nach eng Zäit funktionéiere.. ma wat méi Kniet lassginn, wat iergend eng Kéier dee Punkt kënnt wou d’Netz ganz zesummefält.

Et wier awer elo nach net ze spéit d’Kéier ze kréien. Duerfir missten awer elo ganz wichteg Weiche gestallt ginn. Fir de Kollaps vun de planetareschen Ökosystemer ze verhënnere brauche mir e grousse gesellschaftleche Wandel op villen Niveauen vun eisem Liewen. De Martin Segerer plädéiert ënnert anerem fir eng Prioriséierung vum Gemeinwohl par Rapport zum Profit, eng radikal Transformatioun vun der Landwirtschaft, d’Vernetzung vun de Biotopen, oder och nach den Ofbau vun ëmweltschiedleche Subventiounen.

Fir de néidege Wandel ze erreeche muss d’Politik eng reell Naturschutzpolitik bedreiwen an nieft dem Klimawandel, dee jo elo massiv an der Ëffentlechkeet steet, de Biodiversitéitsverloscht zur absoluter Prioritéit maachen. Der Gesellschaft kënnt hei eng ganz wichteg Roll zou. Well d’Politik muss reagéiere wa mir et fäerdeg bréngen eis fir dëst iwwerliewenswichtegt Thema massiv ze mobiliséieren.

Duerfir goufe beim Mouvement Ecologique och 3 thematesch Aarbechtsgruppe gegrënnt, wou jiddereen deen um Thema interesséiert ass ka matschaffen. E Virwëssen ass net néideg.

Hei kënnt Dir d’Konferenz nach eng Kéier verfolegen. An den Downloads fannt dir dem Andreas Segerer seng Powerpoint an an de Links en Interview vun RTL an och d’Fotoe vum owend.