• Print Friendly


Bella Ciao… Protestlidder am Oekosoph

Bella Ciao

Mëttwochs, de 17. Mee 2017 vun 19.30 – 22.00 am Oekosoph

Matenee sangen, laachen, an der Freed an an der Solidaritéit mat den ënnerdréckte Mënschen an der Welt. Dat ass Bella Ciao, en neie Projet deen dozou aluet, bei engem Patt al a manner al Protest-, Revolutiouns-, Anti-Krichs- an humanistesch Lidder erauszekropen an ze sangen. Et muss ee kee bestëmmten Niveau hunn ma just déi néideg Freed u schéi Begéinungen an tëschemënschlech Momenter. Mellt iech un iwwer d’ Internetsäit: www.bellaciao.lu.

 

Weider Terminer sinn:

21. Juni 2017

18. Oktober 2017