• Print Friendly


Béierdéckelsgespréicher: No Politics!!! Deen neie Solo-Kabarettsprogramm vum Jay Schiltz

17:00 a Freides, den 10. Februar 2017 ëm 20:00

No ronn dräi Joer Paus kënnt de Jay Schiltz zréck op d’Kabarettsbühn. Meng kabarettistesch Faaschtenzäit ass eriwwer, seet hien, et gëtt vill ze soen an ze kommentéieren, net nëmmen an der Politik. Eis Gesellschaft ass krank, mir steieren a Gedanken, Wieder a Wierker poulriicht an eng nei Katastrof. Emden-ken, esou laang et nach geet, och wann dat fir vill net einfach ass. Humor ass, wann een trotzdem laacht.

Entrée: 20 Euro fir Net-Memberen a 17 Euro fir Memberen.

Eng Umeldung bis den 8.02. ass néideg via meco@oeko.lu – Tel. 439030-1