• Print Friendly


Autofasten mat Carsharing: wéi geet dat dann?

Wat huet Carsharing mat Autofasten ze dinn? Vill Leit kéinten am Alldag op hiren Auto verzichten. D’Faaschtenzäit ass e gudde Moment, fir et auszeprobéieren. Et kann e Gewënn un direkter Liewensqualitéit duerstellen a sech och am Portmonni weisen, wann ee keng Garage, keng Assurance a kee Parking méi muss bezuelen a sech och net ëmmer nees muss iwwerleeën: Wou steet mäin Auto dann elo scho rëm?  A fir en Ausfluch ze man oder akafen ze goen, gräift een op en Auto vum Carsharing zréck. Et ass derwäert, et ze testen!

 

Wann een sech  bis den 13. Mäerz bei Autofasten.lu umellt, da kann een ee vun 100 Mountsbilljeeën (vum MDDI zur Verfügung gestallt) fir Bus, Zuch an Tram zu Lëtzebuerg, oder ee vun 10 Scheck-Kaddoen iwwer 50 € fir Carsharing (vu Flex zur Verfügung gestallt) gewannen.

 

  • Aktiounszäitraum:                  vum 6. Mäerz bis den 20. Abrëll 2019
  • Umeldung fir Autofasten:      bis den 13. Mäerz
  • iwwert www.autofasten.lu oder bei info@ewb.lu, Tel. 4 47 43-340. 

 

Organisatioun vun Autofasten zu Lëtzebuerg: Äerzbistum Lëtzebuerg, zesumme mam Rot vun de chrëschtleche Kierchen an anere Reliounen an Organisatiounen aus de Beräicher Ëmwelt a Soziales a vum ëffentlechen Transport:

AÖT (Aktioun öffentlechen Transport), AVR (association des victimes de la route), Caritas, Greenpeace, Communauté juive libérale, KMA (Kathoulesch Männeraktioun), LVI (Lëtzebuerger Velosinitiativ), LSRS (Luxembourg School of Religion & Society), Mouvement écologique, Natur & Emwelt, , Shoura.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministär fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Flex (Carsharing vun der CFL).

Koordinatioun: Laure Simon, laure.simon@ewb.lu