Mobilität
  • Print Friendly


Ausbau an Optiméierung vum ëffentlechen Transport

Donneschden, den 29. November um 18.15 am Hotel Parc-Bellevue

De Mouvement Ecologique war um Ursprung vun der Iddi vun der Schafung vum Verkéiersverbond a senge Mobilitéitszentralen. Zënter senger Grënnung am Joer 2005 ass sou muenches geschitt. Am siichtbarsten ass natierlech de Site www.mobiliteit.lu, wou de Client iwwert den ëffentlechen Transport, wéi och aner nohalteg Verkéiersmëttel informéiert gëtt.

Wat si weider Projeten am Verkéiersverbond an a senge Mobilitéitszentralen? U wéi engen Dossieren/Verbesserungen gëtt am Ablack virun allem geschafft? Wou sinn d’Prioritéiten a wat soll an Zukunft geschéien?

Dossieren wou e.a. am Kader vum Owend wäerten ugeschwat ginn:

–         Ausbau an Optiméierung vum ëffentlechen Transport,

–         Mobilité douce,

–         betriblech a regional Mobilitéitskonzepter,

–         besser a méi Informatiounen fir de Client,

–         Comité des usagers,

–         Mobilitéit an der Groussregioun (…).

De Gilles Dostert wäert d’Aktivitéiten duerstellen, duerno soll a gewinnt labberer Form en Austausch sinn.

Fir d’Organisatioun ze erliichteren, wär eng Umeldung léif, se ass awer net erfuerderlech.