• Print Friendly


„Aus dem Archiv gepickt“: eng nei Serie vum Mouvement Ecologique

Heiansdo kann een sech just wonneren, wéi laang eppes dauert. Bis Zesummenhäng erkannt ginn oder bis Iddien an d’Realitéit ëmgesat ginn. Oder awer wéi sech d’Geschicht widderhëlt. De Mouvement Ecologique huet an sengem Archiv vun elo 50 Joer Engagement nogekuckt an dobäi munch Interessantes erausgepickt.Verschiddenes ass elo nach méi aktuell wéi ee géif mengen, bei Anerem gëtt een nodenklech oder awer et muss een einfach schmunzelen. Mee: musse mir haut vläicht méi konsequent a méi séier handelen? Iwwerzeegt Iech selwer a kuckt eran an eis nei Rubrik !

 

News 1 : Kritesch Analyse (‘92) un de Strukture vum neie Radio 100,7 – 26 Joer dono méi wéi jee aktuell!