• Print Friendly


Aluedung op d‘Versammlung vum Bildungsgrupp vum Mouvement Ecologique: Wat heeschen d’Klimademoen fir d’politesch Bildung an eise Schoulen?!

Am leschte Joer si weltwäit Millioune Jonker op d’Stroosse gaange fir eng aner, méi konsequent, Klimapolitik anzefuerderen. Leider sinn ausser e puer klenge symboleschen Aktioune, wéi manner Plastik an de Schoule, keng grondleeënd Weichen an der Bildungspolitik gestallt gi fir de néidege gesellschaftleche Wandel am Kader vun der Klimakris an d’Weeër ze leeden.

Dir sidd selwer am Bildungsberäich aktiv / aktiv gewiescht oder sidd einfach just interesséiert um Thema?

Da luede mer Iech an dësem spannende politesche Kontext, dee sécherlech d’Schoul an Zukunft viru grouss Erausfuerderunge stellt op en Treffe vum Bildungsgrupp vum Mouvement Ecologique an.

Donneschdes, de 5. Mäerz 2020 um 18.30 Auer am Oekozenter Pafendall – 6, rue Vauban, L-2663 Lëtzebuerg

Mir wäerten an dësem Treffe folgende Froen nogoen:

  • Wat heeschen d’Klimademoen elo fir d’politesch Bildung?
  • Wéi kann ee mat Jonken d’Thema Klimawandel aktiv ugoen? Wat brauche Proffe fir mat de SchülerInnen iwwer de Klimawandel ze schwätzen a Projet’en unzegoen?
  • Wat misst an eise Schoule geschéie fir datt Schüler, Proffen awer och anert Personal sech aktiv an d’Gestaltung vum Ëmgang mat der Klimakris abréngen?
  • Wat misst de Bildungsministère maachen, datt Schoule verstärkt aktiv Acteuren am Beräich vum Klimaschutz kënne ginn?

Da wäerte mer awer och en oppenen Austausch iwwert Är Analysen an den Handlungsbedarf am Beräich Bildung fir nohalteg Entwécklung & politesch Bildung mat Bléck op d’Klimademoen hunn.

Et géif eis freeë, wann Dir Loscht hätt deen Owend laanscht ze kommen. Wann Dir deen Datum selwer net kënnt derbäi sinn, awer Interessi un enger Mataarbecht hutt, da sot eis Bescheed. Mir wäerten op dëser Versammlung zesummen déi nächst Schrëtt festleeën. Mëllt Iech wgl un wann Dir Loscht hutt fir matzemaachen beim Cedric Metz: cedric.metz@oeko.lu.

De Bildungsgrupp vum MECO

Dem Mouvement Ecologique läit zënter jeehier d’Thema politesch Bildung um Häerz. Duerch eis Jugendaarbescht vu move., ass de Mouvement Ecologique net nëmmen e ganz wichtegen Uspriechpartner fir jonk Engagéierter, ma och fir Direktiounen an Enseignanten resp. Educateuren aus de de Lycéeën, déi sech mam Thema nohalteg Entwécklung beschäftege, ginn. Duerfir gouf virun 2 Joer och erëm e Bildungsgrupp an d’Liewe geruff. Dësen huet an enger Rei Versammlunge mat Acteuren aus verschiddene pedagogesche Beräicher Ureegunge fir d’Nationalwale formuléiert (1). Dorausser ass dann och eng grouss Konferenz zum Thema
Demokratiekultur an de Lycéeën, mat iwwer 100 Schüler, Proffen, sozioeducatiivt Personal an Direktiounen, entstaanen. Aus dëser Konferenz sinn och 10 konkret Ureegungen entstanen (2).

(1) http://www.meco.lu/wp-content/uploads/2018/03/Bildung-2018.pdf
(2) http://move.meco.lu/2019/07/02/visionare-10-zentrale-anregungen-fur-mehr-demokratiekultur-in-unseren-sekundarschulen/