Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Äre Gaart a Balcon – A voller Bléi – fir eis Beien a Päiperleken

Dir wëllt eppes géint d‘Beiestiewen an de Verloscht un naturnoem Liewensraum ënnerhuelen?

Da bitt de Beien a Päiperleken iwwert d’ganz Saison Nektar a Pollen op Ärem Balcon an an Ärem Gaart. Mir hunn Iech eng Lëscht mat insektefrëndleche Planze fir sonneg an hallefschied Standuerter zesummegestallt, déi zu ënnerschiddleche Momenter bléien an och mat eise „Bléie vum Mount“ ëmmer 2 Planzen déi mir all Mount speziell erfirhiewen a virstellen. Dës Planze krit Dir bei eise Partnergeschäfter ze kafen. All Informatiounen iwwer d‘Aktioun „A voller Bléi“ fannt Dir um fongenden Site: http://naturelo.meco.lu/projekt/a-voller-blei/

 

Mir géifen eis och iwwert Är Fotoen vun Ärem naturnoe Gaart a Balcon freeën. Schéckt eis se gären op michelle.schaltz@oeko.lu