Energie – Klimaschutz
  • Print Friendly


Protestpiquet géint déi franséisch Atompolitik!

En Donneschden de 6. September huet den Aktiounskomittee géint Atomkraaft, zu deem och de Mouvement Ecologique gehéiert, am Kader vum franséische President Emmanuel Macron senger Visitt zu Lëtzebuerg, fir en atomfräit Europa protestéiert. Gefuerdert gouf eng endgülteg Fermeture vu Cattenom a Fessenheim esou wéi eng verstäerkt Ausriichtung vun der franséischer Energiepolitik op erneierbar Energien. Ronn 80 Leit vu verschiddenen Organisatiounen a Parteie waren dem Opruff fir e Protestpiquet nogaangen. Puer Andréck vun der Protestaktioun fannt Dir hei drënner. De Pressecommuniqué zu der Aktioun ass als Download disponibel.

P10108681 P10108751 P1010920 P1010908