Gesundheit – Ernährung
  • Print Friendly


2 Vegetaresch Kachcoursen

(Mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau)

Vierwëtzesch op di vill verschidde Goût‘en vum vegetareschen Iessen oder Loscht op  kulinaresch nei Entdeckungen?

An de vegetaresche Kachcoursen vum Mouvement Ecologique gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“ a „vegan“ Kriterien zesummen zoubereed an d’Prinzipie vun der Vollwäert -, Vegetareschen- a Vegan-Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann.

Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher „Natierlech genéissen“.

 

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

 

Wéini a wou??:

Et ginn zwou Séancen vun Kachcoursen ugebueden:

  • Den éischten Cours: ëmmer Dënschdes, den 21.,28. Oktober an den 4., 11. November vun 18.00 bis ongeféier 21.30 Auer.
  • Den zweete Cours: ëmmer Donneschdes, den 20., 27. November an den 11., 18. Dezember vun 18.00 bis ongeféier 21.30 Auer.

 an der Kichen vum Oekozenter, 6, rue Vauban, L-2663 Pafendall/ Lëtzebuerg.

 

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 120 € fir Memberen an 140 € fir Net-Memberen.

Iwwerweisung vun der Participatioun op den Kont LU98 1111 0021 2285 0000 (Meco, Philippy L.) mat der Mentioun „vegetaresche Kachcours 1“ oder „vegetaresche Kachcours 2“.

 

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu

Mellt Iech w.e.g. mat Zäiten un, well et gi maximal 15 Leit ugeholl, déi éischt si fir!!

Umeldung spéitstens bis den 17.10.2014.